#Politics
Target:
Kandidaten fir Walen 2009
Region:
Luxembourg
Website:
www.yvescruchten.lu

Mir hunn eis hei zu Lëtzebuerg zënter engem Jorhonnert eng zolidd Economie eruwwert.
No enger staarker Siderurgie hu mir et fäerdeg bruet e performante Finanzcenter bei eis opzebauen. Mir hunn dat gemaach well mir fläisseg Lëtzebuerger haten an och well mir aus der Groussregioun a soss aus dem Ausland eng Immigratioun kruten, déi aktiv mat dru geschafft hunn fir zu dem Wuelstand ze kommen, dee mir haut kennen.

Zënter der franséischer Présidence awer hu mir Lëtzebuerger der awer schéi laanscht d’Läffele krut. Den Nicolas Sarkozy hat de Culot ze soen eise Premierminister misst sech bei hien explizéiere kommen wéinst eiser Steierpolitik. Géif dësen exaltéierte franséische Staatschef och esou mam Gordon Braun oder der Madame Merkel schwätzen?
Den SPD-Parteichef Müntefering wollt d’Arméi opmarschéiere loossen géint Lëtzebuerg.
Géif dese Spëtzepolitiker dat och zu de Franzouse soen?
Et gesäit ee ganz kloer, datt et einfach ass op de Klengen erëmzetrëppelen. Domat kann ee vun den enorme Problemer am eegene Land oflenken.

De G-20 vu London war eng kammoud Plaz fir op déi Kleng ze klappen. De Jacques Attali huet am franséischen EXPRESS gesot: „En réalité, dans ce genre de réunions se joue une impitoyable bataille, dans laquelle les plus puissants l’emportent toujours“. Well England den Organisteur war, war och keen esou king ze reclaméieren géint d’Finanzpolitik an der City an op de Kanalinselen. Beim nächsten G-20 zu New York wäert och keen de Courage hunn d’Amerikaner z’attakéieren wéinst hirer Finanzpolitik an de Staaten Delaware, Nevada a Wyoming.

Och wann et schwéier schéngt, musse mir eis géint dës Tendenze wieren.
Als Lëtzebuerg hu mir nach e gewësse Poids an Europa. Mir hunn eng Stëmm am Conseil européen, mir hunn e Kommissär (mee leider net méi vill héich plazéiert Fonctionnaire bei der Kommissioun) a 6 Deputéierten, wat proportionnel zu der Populatioun an Europa ganz héich ass.
Mee mir däerfen eis awer net ënnerbottere loossen.
Et ass richteg wann zu Bréissel a Stroossbuerg d’europäisch Parteipolitik ëmmer neess
als e „Must“duergestallt gëtt. Mee loosse mer eis näischt virmaachen: déi national Intressen, wann se och net an d’Fënster gestallt ginn, diktéieren awer ganz däitlech.

Dofir solle mir net zécken fir eis och vehement fir Lëtzebuerg anzesetzen.
D’Chamber an d’Europawalen sinn déi beschte Plattform fir dat ze maachen.
All Lëtzbuerger Kandidat misst en duebelt Engagement agoen, an zwar:
1) zu senger politescher Iwwerzeegung stoen, déi hien mat séngen europäische Parteikollegen deele kann;
2) d’Intresse vu séngem Land verdeedegen wann et em vital national Problemer
geet.

Et wir flott wann déi 48 ?? Lëtzebuerger Kandidaten alleguer esou en Engagement virun de Walen wéilten ausdrécken: dat géif dem Lëtzebuerger Wieler bestëmmt gefalen.
Ech proposéieren deemno mäin Internet-Site (.....) opzemaachen fir eng Deklaratioun an deem Sënn.
All Kandidat, deen sech menger Propose uschléisse wëllt, soll dat virum _____ maachen.
Duerno géif ech gären d’Lëscht publizéieren vun dene Kandidaten....etc ....

Mir, di hei ënnerschreiwen, engagéieren eis:
1) fir d'Intressi'en vu Lëtzebuerg anzestoen.

GoPetition respects your privacy.

The Engagement fir Lëtzebuerg petition to Kandidaten fir Walen 2009 was written by Yves Cruchten and is in the category Politics at GoPetition.

Petition Tags

europe