- Target:
- anubis1991@live.de
- Region:
- Luxembourg
Een Hard Rock Café Lëtzebuerg! Elo oder ni!
Dës Petitioun hofft op är Stëmm mam Ziel dat ze verwierklechen!
Eis Politiker sollen an déi richteg Projeten investéieren. Den HRC ass een dovunner.
En Hard Rock Café op Lëtzebuerg? Eng Utopie? Papperlapapp!
Léif Bierger aus dem Lëtzebuerger Land:
Dir Alleguerte sidd opgeruff är Ënnerschrëft dëser Petitioun ze schenken! Mat ärer Hëllef kann d'Realisatioun vun deeër Iddi e Schratt méi no réckelen.
Wéi vill Leit hu schon unhand vu Facebook-Gruppe mat dëser Iddi sympathiséiert?
Wéi vill Leit ware schon uechtert d'Welt an konnten sech an enger wonnerbarer Atmosphär am Hard Rock Café amuséieren?
Léiw Leit Alleguer,
Dir sidd d'Bierger vum Land an hutt e Matsproocherecht wat hei zu Lëtzebuerg geschéie soll a geschéie kann! Vill Projeten déi d'Regierung realiséiert huet sinn entweder an d'Box gaangen oder awer ni richteg verwierklecht ginn. Bei engem Hard Rock Café, dat looss gesot sinn, boomt d'Geschäft!
Deen éischten HRC huet seng Dieren de 14. Juni 1971 zu London opgemaach. Säit Mäerz 2008 besti mëttlerweil weltwäit ronn 143 Filialen a ronn 50 Länner. An Däitschland z.B a Berlin, München a Köln!
Nieft flotte Cocktailer, guddem Iessen, enger formidabeler Atmosphäre, fantastescher Dekoratioun, allerhand verschiddenem Merchandising a kulteger Rock'n'Roll Musik bitt den Hard Rock Café all senge Frënn een Tourismuskick deen net ze toppen ass!
Den HRC ass geprägt vu sëlleche Stars a Bekanntheeten a schléit Wellen duerch d'ganz Welt!
Loosst eis et upaken! Een Hard Rock Café Lëtzebuerg kann de Projet vun der Zukunft ginn!
Är Stëmm fir dës Petitioun ass eng Stëmm fir een Hard Rock Café an Zukunft!
You can further help this campaign by sponsoring it
The Hard Rock Café Luxembourg petition to anubis1991@live.de was written by Joe Thein and is in the category Business at GoPetition.