#Animal Rights
Target:
Monsieur le Ministre de la Santé
Region:
Luxembourg
Website:
www.menschenmatmuppen.lu

Dëss Petitoun gouff lancéiert fir dass déi bestehend Gesetzgebung esou soll ofgeännert ginn, dass d'Restaurantbesëtzer sollen explizit d'Recht kréien fir Klienten mat engem gutt erzunnenen Hond un der Léngt dierfen an hieren Restaurant ze loossen.

Säit e puer Méint heefen sech d'Fäll wou Hondsbesëtzer net méi an hier Restauranten mat hierem Hond erangelooss gin, wou sie schon joerenlaang Klienten sinn respektiv wou Restaurateuren eng Strof hunn missen bezuelen well si Klienten mat engem Hond an hiere Restaurant gelooss hunn.

Déi bestehend Legislatioun gëtt elo esou interprétéiert, dass keng Hënn méi am Restaurant erlaabt sinn, woubäi et fréier just net erlaabt war, dass een Hausdéier sech an der Kichen vun engem Restaurant duerft ophalen.

Mënschen mat Muppen (MMM) asbl ass der Meenung, dass dëss nei Interpretatioun vun der Gesetzgebung abusiv an diskriminatoresch ass an verlaangt duerfir, dass den Règlement grand-ducal vum 4. Juli 1988, deen dëss Matière réglementéiert, esou soll ofgeännert ginn, dass et den Restaurantsbesëtzer soll explizit erlaabt ginn fir selwer ze entscheeden ob si wëllen Klienten mat gutt erzunnenen Hënn un der Léngt an hierem Restaurant iessen lossen oder net.

Den 31. Januar vun dësem Joer huet MMM an deem Kontext een openen Bréif un den Gesondheetsminister geschéckt. Op dësen Bréif huet den Gesondheetsminister nach net geäntwert. De Contenu vun dësem Bréif kënnt Dir op dëser Adress noliesen:
http://www.menschenmatmuppen.lu/index.php?option=com_content&task=view&id=142&Itemid=49

Les soussignés demandent que soit modifié le règlement grand-ducal modifié du 4 juillet 1988 fixant les conditions d’hygiène et de salubrité dans le secteur de l’alimentation collective afin de laisser aux exploitants de restaurants et de débits de boissons le droit d’accepter des chiens bien élevés et tenus en laisse dans leurs locaux de restauration.

GoPetition respects your privacy.

The Petitioun fir Hënn an de Restauranten zu Lëtzebuerg ze erlaben petition to Monsieur le Ministre de la Santé was written by Mënschen mat Muppen (MMM) and is in the category Animal Rights at GoPetition.